Sonndeg, den 26.11.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - Union Sportive Bous 5:2 (3:2)

1:0 7' De Lemos, 2:0 13' De Lemos, 3:0 16' Mambu, 3:1 25', 3:2 44'

4:2 59' Antonicelli, 5:2 74' Antonicelli

Endlesch ass Tricolore erëm op d'Gewënnerspur komm. Déi éischt 25' huet Tricolore kloer dominéiert an huet de Buuser Goal masseweis getest. Dueno huet Tricolore eng Auszäit gehol a krut d'Rechnung, nëmmen 3:2 an der Paus. Déi Buuser hunn net opginn a si hate gudd Chancen no der Paus fir auszegläichen, awer de Steve Krier huet gudd paréiert. Ab der 60' huet Tricolore d'Spill dunn erëm an de Grëff krut, an hat kloer Goalchancen. Schlussendlesch hunn déi Gaaspërecher nach 2 mol gescort, obwohl méi dra war. Bous huet awer ni opginn, esou dass Tricolore ëmmer a Gefor war. 

Tricolore Equip