Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Cessange Bracarenses Grund 2001  - FC Tricolore Gasperich 3:0 (1:0)

1:0 15'

2:0 79', 3:0 85' 

 

Wieder : staark bedeckt, bësse Reen

Terrain : super

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Trotz territorialer Iwwerleeënheet krut Tricolore och zu Zéisseng keng Punkten.

Tricolore huet d'Spill an d'Hand geholl, huet awer virum Goal de leschten Touch vermësse gelooss. An der 15' huet dunn Cebra den 1:0 geschoss : Route One Goal : De Keeper mescht en Deegagement, den Arnaud Andoque rennt langscht de Ball, an e Cebra Spiller hat keng Problemer aus 5m fräi eranzesetzen. Dueno hat Cebra nach eng Chance virun der Paus op 2:0 ze erhéigen, well Tricolore Ofwier net am Bild war, de Spiller huet awer verzunn. Tricolore hat weider méi vum Spill, mee awer virum Cebra Goal war oft d'Herrlechkeet eriwwer. 

Kuerz no der Paus hat de Mino Tria d'Riesechance den Ausgläich ze schéissen, mee hie konnt de Ball net an den eidele Goal ënnerbréngen. Tricolore war weider feldiwwerleeën, an no enger gudder Kombinatioun huet de Mike Ribeiro fräi de Keeper aus 5m ugeschoss. Dueno hat den Orlando da Rocha mat engem Gewaltschoss d'Lat getraff. Kuerz drop ass dunn op Konter den 2:0 gefall. Nom 2:0 war Tricolore Moral gebrach, a sou konnt Cebra nach op 3:0 erhéigen. De Steve Wolff am Tricolore Goal huet nach misse Paraden maachen fir de Score nach an der Limit ze halen.

Obwohl d'Spill gemaach, sinn hannen krass Feeler passéiert a vir sinn d'Chancen net eragemaach ginn.