Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Una Strassen 0:2 (0:0)

 

0:1 63', 0:2 69'

 

Wieder : liicht bedeckt, Loft, +- 20°

Terrain : knubbeleg, haart, drëschen

Zuschauer : 100

 

 

 

Eng ganz schlecht Leeschtung huet Tricolore géint Stroossen ofgeliwwert.

Stroossen war optesch iwwerleeën ouni awer geféierlech virun de Goal ze kommen, Tricolore huet gutt matgespillt, mee no vir ass guer näischt gelaf. Just eng Goalchance war dunn och virun der Paus ze verzeechnen, no engem Missverständnis an der Tricolore Ofwier zwëschen 2 Spiller déi sech net eens ginn sinn ween de Ball sollt deegagéiren, ass e Stroossener Spiller alleng op de Goal gezunn, mee säi Schoss konnt de Steve Krier paréiren.

D'2.Halschent war dunn vun Tricolore Säit just nach grotteschlecht. No vir ass weider näischt gelaf an Tricolore huet Stroossen ëmmer méi agelueden fir e Goal ze schéissen. An der 63' huet et dunn och gerabbelt, wéi e Stroossener Spiller aus abseitsverdächteger Positioun de Ball um 16m konnt fräi ophuelen a locker zum 1:0 erasetzen. Tricolore huet keng Reaktioun gewissen an ass der Musik gréisstendeels hannendrugelaf. Offensiv war just Stroossen aktiv, an den 2:0 ass an der 69' gefall. Dueno war Stroossen weider dem 3:0 méi no. Tricolore huet sech dem Schicksal erginn a war quasi doud. Just zum Schluss huet et Tricolore nach ferdegbruecht eng oder déi aner gutt Offensivaktioun ze weisen.

Fir a sou engem wichtege Mätch fir den Ofstieg ze verhënneren huet Tricolore komplett enttäuscht. An der 2.Halschent hat een d'Gefill dat wär e Frëndschaftsmätch an Tricolore bräicht kee Punkt méi. Elo huet Tricolore nach eng lescht Chance am Barragemätch, mee fir do eng Chance ze hunn muss Tricolore mindestens ... % besser spillen.