Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 25.11.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Club Sportif Sanem 3:6 (2:2)

0:1 5', 1:1 7' Corallo, 2:1 24', De Almeida N., 2:2 28'

2:3 50' (Penalty), 2:4 58', 3:4 67' De Almeida N., 3:5 68', 3:6 82'

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Opgrond vun enger schlechter 2.Halschent erliewt Tricolore nees en defensive Waterloo géint Suessem.

Tricolore ass gutt an de Mätch komm, trotzdem huet Suessem den 0:1 geschoss, no enger Flank huet e Suessemer Spiller um 2.Poto de Ball an de laangen Eck gekeppt. Just 2' drop huet Tricolore ausgeglach, den Ferdy Ciufoli huet vu riets geflankt, an um 2.Poto huet de Michele Corallo de Ball an de laangen Eck eragekeppt. Tricolore huet weider no vir kombinéiert. An der 24' huet de Ferdy Ciufoli vu riets nees eng Flank an de Suessemer Strofraum bruecht, den Resat Trubljanin huet de Ball op de Poto gesat, an via Ofpraller konnt de Nuno den Almeida de Ball um 5m eraschéissen. Just 4' drop konnt Suessem awer nees ausgläichen, d'Tricolore Ofwier huet de Ball net aus dem Strofraum krut, e Suessemer Spiller huet geschoss, de Ball ass nach ofgefälscht ginn an huet de Wee an d'Netz fonnt. No 30' huet Suessem de Mätch besser ënner Kontroll krut an Tricolore ass no hanne gedrängt ginn. D'Tricolore Ofwier huet missen schaffen fir Suessem a Schach ze halen.

An der 50' krut dunn Suessem e Penalty zougesprach wéi no engem Kierperkontakt e Spiller vu Suessem dee +- 50 kg manner weit op de Buedem gefall ass. Total iwwerdriwwen, mee nees ass Tricolore duerch esou eng Feelentscheedung benodeelegt ginn. 2:3 fir Suessem, de Penalty ass locker verwandelt ginn. Tricolore krut hannen méi a méi Schwieregkeeten an an der 58' konnt Suessem op 4:2 erhéigen. An der 67' huet de Nuno De Almeida per Fräistouss aus 30m op 3:4 verkierzt. Nom Ustouss ass d'Tricolore Ofwier awer direkt nees iwwerlaf ginn, an Suessem huet den 5:3 geschoss. Obwuel Tricolore nach versicht huet eppes ze rappen konnt Suessem an der 82' nach op 6:3 erhéigen.

An der 2.Halschent war d'Tricoloreofwierbatterie méi a méi eidel ginn, an defensiv Verhalen war schlecht an neiiv.