Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 09.05.2013 17.00h : Union Remich-Bous - FC Tricolore Gasperich 3:0 (2:0)

1:0 18' (penalty), 2:0 39'

3:0 46'

 

 

Wieder : staark bedeckt, +- 15°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

 

 

 

 

 

 

Zu Réimech hat Tricolore näischt géint d'Lokalequip ze radetten.

Réimech-Bous war spillbestëmment, an der 9' hat d'Lokalequip schon eng Riesechance wéi e Spiller ganz fräi virum Tricolore Goal laangscht geschoss huet. An der 13' hat Tricolore awer eng Entwert, den Nuno De Almeida huet en Dréischoss aus 16m knapp laangscht gesat. An der 18' huet den onsëcheren Arbiter zum Entsetzen vun Tricolore op Penalty entscheed, nodeems e Réimech-Bous Spiller am Strofraum gefall ass. De Penalty ass souverän verwandelt ginn. Den Arbiter hat de Mätch net am Grëff an huet op béide Säiten Hektik an de Mätch bruecht. Réimech-Bous war weider dominant, an an der 26' ass nees e lokale Spiller fräi op de Goal gezunn, an de Simon Leick huet paréiert. Tricolore huet zevill Feelpassen am Spillopbau gemaach. An der 35' de nächste Schock fir Tricolore, no engem Tackling op der Ausselin ass de Resat Trubljanin vum Terrain gesat ginn. Tricolore war dunn total deesorientéiert, a Réimech-Bous huet an der 39' den 2:0 geschoss. Virun der Paus huet d'Lokalequip weider 2 mol op de Poto geschoss.

Direkt no der Paus ass Tricolore op lénks ausgeschalt ginn an d'Lokalequip huet op 3:0 erhéischt. Dueno huet Tricolore awer d'Lokalequip relativ gutt a Schach gehalen. Réimech-Bous huet och e Gang zréckgeschalt. Tricolore hat an der 2 Halschent nach gutt Szenen, an der 58' huet den Tun Curioso e Schoss knapp driwwer gesat, an der 71' huet den Toy Virgulino aus 5m de Réimecher Keeper ugeschoss, an an der 87' ass den Erdovan Sali alléng op de Goal gezunn, mee hien huet säi Schoss verzunn. Réimech-Bus hat awer och weider gutt Geleegenheeten fir Goaler ze schéissen, an der 70' huet d'Equip nees de Poto getraff. An der 2.Halschent war de Mätch op béide Säite méi roueg ginn.

E gerecht Resultat. Tricolore hat géint eng spillerech besser a méi séier Equip vu Réimech-Bous quasi näischt ze mellen.