Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Union Mertert/Wasserbillig - FC Tricolore Gasperich 0:1 (0:0)

 

0:1 51' Ciufoli

 

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 120

 

 

 

Duerch eng konzentréiert a gutt Leeschtung huet Tricolore verdéngt zu Wasserbëlleg gewonn.

Schon an der Ufanksphase hat Tricolore 3 Riesechancen fir a Féierung ze goen, duerch 2 X Mike Ribeiro an 1 X Orlando Da Rocha. Tricolore huet awer weider gutt an aggressiv gespillt an huet d'Lokalequip kaum zur Entfaltung komme gelooss. Virun der Paus hat d'Lokalequip awer nach eng gutt Goalchance, mee de Steve Krier am Tricolore Goal huet glänzend paréiert. Soss hat Tricolore de Mätch am Grëff.

An der 51' ass Tricolore dunn och verdéngt a Féierung gaangen, no engem Korner vum Amer Dautbasic huet de Ferdy Ciufoli vum 5m mat engem Powerkappball den 1:0 besuergt. Dueno huet Tricolore sech zréckgezunn an huet der Lokalequip d'Spill iwwerlooss, mee Mertert/Wasserbëlleg hat keng konkret Goalchance méi opzeweisen. Den Orlando Da Rocha an den Amer Dautbasic haten den 2:0 um Fouss, mee de Bëlleger Keeper war jeweils um Posten. 

Tricolore huet Moral gewissen, d'Dueler gewonnen an dogéint gehalen. Respekt un d'ganz Equip.