Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 26.05.2013 16.00h : Football Club Ehlerange - FC Tricolore Gasperich 3:3 (2:1)

1:0 9' (Penalty), 1:1 29' De Almeida R., 2:1 41'

3:1 62', 3:2 77' Curioso (Penalty), 3:3 87' Foetz

 

Wieder : liichte Reen, +- 10°

Terrain : schlecht

Zuschauer : 20

 

 

 

 

 

 

 

 

Zu Éilereng huet Tricolore sech nach en 3:3 am leschte Championnatsmätch erkämpft.

Déi éischt Minuten hunn Éilereng gehéiert an d'Lokalequip ass och duerch en Elefmeter an der 9' a Féierung gaangen. No +- 20' huet Tricolore d'Spill an d'Hand geholl an hat puer geféierlech Offensivaktiounen. An der 29' huet Tricolore dunn och den 1:1 geschoss, no engem Korner vu lénks vum Carlo Antonicelli huet de Rui De Almeida um 2.Poto de Ball mam Kapp eragesat. Tricolore war dueno weider um Drécker. Trotzdem ass Éilereng nees virun der Paus a Féierung gaangen. E Spiller huet aus 25m ofgezunn an de Ball an de Wénkel gesat.

An der 2.Halschent war zunächst de Mätch fir anzeschlofen. Éilereng war déi 1.Equip déi erwescht ass an huet an der 62' op 3:1 erhéischt. Dueno hat Éilereng och nach eng oder déi aner gutt Konterchancen. Tricolore ass ab der 70' och erwescht an an der 77' huet den Tun Curioso den 3:2 per Penalty geschoss. An der 80' ass no enger Rangelei en Éilerénger Spiller mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. An der 87' huet de Jacques Foetz dunn aus kuerzer Distanz nach den 3:3 geschoss.

D'Saison huet Tricolore op der 9.Plaz ofgeschloss.