Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,06.05.2007 16.00h : Tricolore - Mensdorf 1:0 (0:0)
Wieder : sonnëg, +- 20°
Terrain : voller Sand, schlecht
Zuschauer : 80
 
1:0 89' Ciufoli 
 
Tricolore konnt zum Schluss dank dem "Schuf" nach de gaanzen Asaatz géint Mensdorf afueren.
 
Déi éischt hallëf Stonn war ze vergiessen : Béid Equipen hunn sech neutraliséiert, an keng eng Goalchanche war
ze verzeechnen. No 30' war et dunn de Ferdy Ciufoli "Schuf" deen per volley aus enger gudder Positioun 
lanngscht gesaat huet. Kuerz drop war et ërem de Ferdy dee per Volley virum Goal laangscht gesaat huet.
Kuerz virun der Paus hat Tricolore du eng Grousschance : den Dan Baur huet voll ofgezunn, säi Schoss ass paréiert ginn,
de Pascal Langers huet ofgezunn, säi Schoss ass ofgewiert ginn an den Antonio Curioso krut de Ball aus 10m op de 
Plateau servéiert, mee säi Schoss huet de Mensdorfer Goalie och ofgewiert. An der 1. Halschent hat Mensdorf keng eng konkret
Goalchance.
 
An der 2.Halschent war et Mensdorf, déi de Kommando iwwerhol hunn, an si hunn den Tricolore Goal belagert. Duerch Gléck a
Geschéck ass Tricolore awer gutt eweg komm. De Steve Krier am Goal huet och misse säi Kënnen opweisen. Tricolore war 
nach kaum an der Offensiv ze gesinn. No der Drangphase vu Mensdorf huet Tricolore ërem besser no fir gespillt, an de Mino
Tria hat déi eng oder aner gutt Chance fir d'Lokalequip a Féierung ze bréngen. An der 89' war et da sou wäit : De Joaquim Da 
Silva flankt vu riets an de Réck vun der Mensdorfer Ofwier, an de Ferdy Ciufoli schéisst am Strofraum onhaltbar zum 1:0 eran.
Riesechance dunn nach fir Mensdorf an der Nospillzäit, wäi e Spiller fräi virum Goal am Tricolore Strofraum laangscht gesat huet.
 
1.Halschent : Tricolore besser Goalchancen, 2.Halschent : Mensdorf besser Goalchancen, mol enge Kéier d'Gléck
 op der Tricolore Säit dank dem "Schuf".