Spillbericht Senior 1 Championnat Donnëschdeg, 27.03.2008 20.00h : Aspelt - Tricolore 0:2 (0:1)
Wieder : Reen, kal
Terrain : trotz Reen, bespillbar
Zuschauer : 20
0:1 8' Antonicelli
0:2 90' (+4') Chioato (Penalty)
 
E Minimum huet Tricolore zu Uespelt bruecht.
 
Tricolore huet gutt ugefaang, an der 8' ass de Mino Tria op lénks duerchgaang, an de Strofraum gezunn, an huet an d'Mëtt gepasst, wou
de Carlo Antonicelli um 5m locker zum 0:1 eragesat huet. Dueno war spillërech op bäide Säite Magerkost ugesot. Uespelt war nach virum
Goal 2X geféierlech, ee mol wéi e Spiller fräi zum Kappball komm ass, an eng aner Kéier huet en Uespelter Spiller mat engem Fräistouss
de Steve Krier am Goal getest. Tricolore huet de Mätch kontrolléiert, ouni awer wirklech geféierlech ze sinn.
 
No der Paus huet de Reen opgehal, mee leider ass dobäi och d'Qualitéit nach weider erofgaang. Chancen ware praktesch keng méi ze 
verzeechne gewiescht, a sou war villes nëmmen Zoufall.  An der Nospillzäit koum Tricolore nach zu engem Penalty, deen de Emanuele Chioato
locker verwandelt huet.
 
Net vill Goalchancen, ee "Geniesträich" an der 8' ass douergaang, fir Tricolore op d'Gëwennerspur ze bréngen.