Spillbericht Senior 1 Championnat 07.09.2008 15.30h : Tricolore - Remerschen 2:0 (1:0)

Wieder : staark bedeckt

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

Obgrond vun de Goalchancen, huet Tricolore verdéngt 3 Punkten géint Remerschen kritt.

 

An den éischten 20´huet d´Lokalequip geschlof, a Remerschen war eng Kéier geféierlech, wéi e Remerschener Spiller ofgezun huet, an den

David Spinelli am Tricolore Goal nach just konnt paréiren. No der Schlofphase, war dunn awer Tricolore an der 24´ riesegeféierlech, wéi de

Filipe De Lemos no engem Solo an de Strofraum agedrongen ass, mee säi Schoss ass fräi iwert de Goal gaang. Dueno huet Tricolore d´Spill

besser an de Grëff krut, an hat duerch agil Spiller nach Aschossméiglechkeeten. An der 34´ huet de Pietro Lombardini dunn zum 1:0 eragesat, wéi hien

op riets duerchgaang ass, an dem Remerschener Keeper keng Chance gelooss huet. Tricolore huet an der Phase domnéiert, hat awer versäumt e weidere Goal ze schéissen.

 

No dem Break, huet Tricolore sech zréckgezunn, an Remerschem d´Spill iwerlooss. Remerschen huet d´Spill zwar gemaach, ausser Korneren a Fräistéiss ass

awer näischt dobäi erauskomm. No engem Konter an der 72´ huet de Kapitän Ferdy Ciufoli den Dan Baur op riets op d´Rees geschéckt, den Dan Baur huet gescheit

de Ball an d´Mett geflankt, a genau sou gescheit huet den Emanuele Chioato um 16m de Ball an den Eck gesat. Dueno huet Remerschen weider versicht e Goal

ze schéissen, ass awer net duerchkomm.

 

Insgesammt verdéngt, net schéin, awer d´ganz Equip huet gekämpft, an e Luef un ganz Equip fir den Asatz an Duerchsetzungsvermögen.