Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 30.03.2014 16.00h : Daring-Club Echternach - FC Tricolore Gasperich 3:1 (1:0)

 

1:0 13' (Echternach)

2:0 59' (Echternach), 2:1 65' Florian Gonzalez, 3:1 80' (Echternach)

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 17°

Terrain : knubbëleg

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Tricolore verléiert verdéngt mat 1:3 zu Iechternach a bleiwt weider am Abstiegskampf. Iechternach war méi dynamesch an huet méi Dueller gewonn. Tricolore war offensiv quasi inexistent. Kuerz virun der Paus krut den Andy Fache no enger Noutbrems déi Rout Kaart gewissen. Mat 10 Mann war et an der 2.Halschent nach méi schwéier, well Iechternach gutt Goalchancen ausgelooss huet, ass Tricolore nach am Spill bliwwen, an de Florian Gonzalez konnt mat der eenzeger Goalchance op 1:2 verkierzen. Eng enttäuschent Leeschtung vun Tricolore. Traureg a blamabel war och dass Tricolore nëmmen mat 12 Mann ugetruede war, nodeems sech Spiller kuerzfristeg ofgemellt hunn oder net ofgemellt hunn.