Spillbericht Senior 2 Coupe 1/8 Final Samsdeg, 29.03.2008 18.10h : Lintgen - Tricolore 0:2 (0:1)
Wieder : liicht bedeckt
Terrain : syntheetesch
Zuschauer : 50
0:1 23' Da Silva S.
0:2 66' Lombardini
 
Duerch en 2:0 Erfolleg zu Lëntgen huet d'Tricolore de Spies emgedréit, well lescht Saison an der gläicher Ronn (1/8 Final) hat Lëntgen 
nach mat 2:0 d'Iwerhand behal.
 
Ingesammt e verdéngten Erfollëg. Tricolore war taktesch, spillëresch a leefëreg voll op der Héischt an hat esouguer nach méi Goalchance
wéi Lëntgen. Lëntgen huet zwar versicht d'Spill ze kontrolléiren, mee Tricolore huet der Lokalequip d'Liewe schwéier gemaach.
 
Domader steet Tricolore an der 1/4 Final.