Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 22.09.2013 16.00h : Sporting-Club Bettembourg - FC Tricolore Gasperich 3:0 (1:0)

 

1:0 41' (Bettembourg), 2:0 64' (Bettembourg), 3:0 90' (+3') (Bettembourg)

 

 

Wieder : bedeckt, +- 20°

Terrain : gutt

Zuschauer : 80

 

 

 

An der 1.Halschent hat Tricolore 3 Riesechancen. Déi éischt, wéi no enger schéiner Kombinatioun de Carlos Santos am Strofraum fräigespillt ginn ass, mee säi Schoss hat net genug Drock fir eran ze goen. Dueno war de Pietro Lombardini vum Carlo Antonicelli ganz alleng am Strofraum fräigespillt ginn, mee och säi Schoss war ze harmlos. An der 27' krut dunn Tricolore e Penalty zougesprach, wéi de Florian Gonzalez am Beetebuerger Strofraum um Trikot festgehal ginn ass. De Pasquale Antonicelli huet de Penalty ausgefouert, mee säi Schoss konnt de Beetebuerger Keeper an de Korner paréiren. Tricolore hat Beetebuerg bis kurz virun der Paus am Grëff. Mat der 1. konkreter Goalchance huet d'Lokalequip awer an der 41' den 1:0 geschoss. Dueno war Tricolore nees total ofgetaucht an hat näischt méi opzeweisen. Beetebuerg huet d'Spill kontrolléiert an sech nach gutt Goalchancen erausgespillt. Tricolore hat deelweis katastrophal Passen gemaach, Beetebuerg huet de Score nach op 3:0 eropgeschrauwwt.