Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : AS Luxembourg-Porto - FC Tricolore Gasperich 0:1 (0:1)

0:1 23' Lombardini

 

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 17°

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Vun Zéisseng huet Tricolore verdéngt 3 Punkten mat op Gaasperech gehol.

Direkt vum Start huet Tricolore de Mätch an de Grëff gehol. Dobäi hat Tricolore och gutt Goalchancen, déi awer allesamt net genotzt gi sinn. An der 23' ass dunn awer de "golden Goal" gefall : Den Orlando Da Rocha huet aus 25m ofgezunn, säi Gewaltschoss konnt den ASL-Porto Keeper ofwieren, mee de Rebound huet de Pietro Lombardini zum 0:1 eragesat. Nom 0:1 hat Tricolore nach weider gutt Spillzig gewissen, konnt awer de Virsprong net ausbauen. ASL-Porto ass no 30' och besser an d'Spill komm, Tricolore Ofwier huet awer näischt ubrenne gelooss. 

No der Paus, huet d'Lokalequip méi dominéiert, an Tricolore ass no hanne gedréckt ginn. Konkret Goalchancen huet ASL-Porto dobäi awer net konnten erausspillen. Tricolore hat dogéint gutt Konterchanchen an hett nach kënnten weider Goaler schéissen, nodeems ASL-Porto hanne méi opgemaach huet. Et sollt awer beim engem Goal bleiwen.

Tricolore huet eng gutt Equipeleeschtung gewissen, dobäi och technesch deelweis gutt gespillt, just vergiess de Saack zouzemaachen.