Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Mamer '32 - FC Tricolore Gasperich 3:0 (0:0)

 

1:0 53', 2:0 64', 3:0 87'

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : super

Zuschauer : 80

 

 

 

Opgrond vun enger schlechter 2.Halschent huet Tricolore zu Mamer verluer.

An deenen éischte 45 Minutten hat Tricolore Mamer am Grëff an d'Lokalequip hat just eng richteg geféierlech Aktioun, wéi e Spiller d'Lat getraff huet. Tricolore hat eng Goalchance duerch e Kappball vum Mike Ribeiro. A kuerz virun der Paus huet den Toy Virgulino mat engem Wäitschoss de Ball knapp iwwert d'Lat gesat.

No der Paus huet Mamer dunn d'Spill awer kontrolléiert. An der 47' huet e Mamer Spiller d'Lat getraff, a de Rebound krut e Mamer Spiller deen am Abseits stoung. An der 53' huet Tricolore Mamer awer den 1:0 geschenkt, anstatt no vir ze spillen huet Tricolore Ofwier de Ball virum 16m quer gespillt, e Mamer Spiller ass dozwësche gaang, op de Goal gezunn, an huet de Ball an den Eck gesat. An der 64' huet Mamer op 2:0 erhéischt, wéi e Spiller sech op riets duerchgesat huet an d'Mëtt geflankt huet an e Spiller fräi um 5m den 2:0 geschoss huet. Kuerz drop, an der 69' krut de Michele Corallo no engem haarden Tackling op der Ausselin eng zweet giel Kaart, an dommader Giel-Rout. De Spiller vu Mamer ass blesséiert ginn an huet missen oftransportéiert ginn. Tricolore war no vir total inexistent, d'Bell sinn net méi vir ukomm. Mamer huet weider no vir gespillt an de Steve Krier huet missen puermol agräiffen. No Opléisserscheinungen an der Tricolore Ofwier huet Mamer an der 87' op 3:0 erhéischt. No enger 2 géint 1 Situation an der Nospillzäit ass e Mamer Spiller fräigespillt ginn, de Kapitän Ferdy Ciufoli krut en ze paken an den Arbitter huet keng Gnade gewissen an de Kapitän krut fir eng Noutbrems d'rout Kaart.

No enger gudder éischter Halschent huet Tricolore an der 2.Halschent massiv ofgebaut an esou an der Héischt verdéngt verluer. Leider sinn erëm 2 Spiller vum Terrain geflunn an esou kritt Tricolore Opstellungssuergen, zumols an der Ofwier.