Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 12.05.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Red Boys Aspelt 4:4 (0:0)

 

1:0 53' Virgulino, 2:0 56' De Almeida N., 3:0 57' Sali, 3:1 61', 3:2 63', 3:3 68', 3:4 69', 4:4 90' Curioso

 

 

 

Wieder : wollékeg, +- 10°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

 

 

 

 

 

E Comedysmätch ass et zwëschen Tricolore an Uespelt ginn.

Uespelt huet sech zréckgezunn an huet Tricolore kontrolléiert, op der Tricolore Säit sinn zevill Feelpassen entstan. An der 37' hat Uespelt och eng Riesechance fir a Féierung ze goen, d'Tricolore Ofwier huet laangscht de Ball gerannt, den Uespelter Stiermer ass alleng op de Goal gezunn, mee de Sergio De Freitas am Tricolore Goal huet glänzend paréiert. Tricolore war beméit an der 1.Halschent, konnt sech awer net duerchsetzen.

No der Paus huet Tricolore zunächst op den Tempoknapp gedréckt, an der 52' ass den Erdovan Sali op riets duerchgaang, a säi Schoss konnt den Uespelter Keeper an de Korner paréiren. Op Korner hinn huet dunn den Toy Virgulino mam Kapp den 1:0 erzielt. An der 56' ass den Erdovan Sali nees duerchgaang, hien huet gescheit an de Strofraum gepasst, wou den Nuno De Almeida konnt de Ball erasetzen. Nëmmen 1' drop huet Tricolore Uespelt op der lénkser Säit iwwerspillt, de Ball koum zum Erdovan Sali, an hien huet den Uespelter Keeper zum 3:0 iwwerwonn. Den Uespelter Keeper war net domadder averstan, an hien wollt direkt ophalen mat spillen, d'Uespelter Equip krut en nach just berouegt fir weiderzespillen. Dueno ass awer Tricolore total ageschlof, an der 60' krut Uespelt e Penalty zougesprach, deen de Sergio De Freitas glänzend an de Korner ofgwiert huet. Tricolore war dueno awer vun ale gudde Gëschter verlooss a krut an der Zäitspan vun 8 Minuten 4 Goaler ageschenkt. Leider hate puer Leit op béide Säiten hier Emotiounen an der 2.Halschent net méi am Grëff. An der 78' ass dunn den Uespelter Keeper vum Terrain geflunn, no enger Foulsituatioun konnt hien sech net méi berouegen an ass op en Tricolore Spiller lassgaangen, logësch Konsequenz : Giel-Rout Kaart. Dueno huet Tricolore nach versicht eppes ze rappen, an der 90' huet den Tun Curioso e Fräistouss op de Goal gezunn, den neien Uespelter Keeper-Spiller huet de Ball ënnerschetzt an de Ball ass am Goal geland.

E ganz verréckte Mätch.