Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 24.11.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Koerich/Simmern 2:1 (1:0)

1:0 25' Pasquale Antonicelli (Penalty)

1:1 60' (Koerich/Simmern, Penalty), 2:1 78' Thomas Breyer

 

 

Wieder : bedeckt, +- 5°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

 

 

Am Ufank war Tricolore net richteg am Spill, an Käerch/Simmer hat besser no vir gespillt. Käerch/Simmer hat dunn och 2 gutt Goalchancen an der Ufanksphase. No +- 20' ass Tricolore besser an d'Spill komm. An der 25' ass de Miguel Pereira am Käercher/Simmer Strofraum geluescht ginn, an de fellege Penalty huet de Pasquale Antonicelli sécher verwandelt. Dueno hat Tricolore Käerch/Simmer am Grëff an huet besser no vir gespillt.

An der 2.Halschent ass Tricolore nees zunächst ageschlof, a Käerch/Simmer huet dominéiert. An der 60' krut Käerch/Simmer en onberechtegen Eelefmeter zougesprach, wéi am Tricolore Strofraum engem Tricolore Spiller de Ball aus kuerzer Distanz widdert den Arm geschoss ginn ass, de Penalty huet de Käerch/Simmer Spiller sécher verwandelt. Et ass hektesch ginn, an an der 62' krut de Ruben Ferreira d'Giel-Rout Kaart gewissen. No 70' ass Tricolore awer nees opgewescht an hat gutt Konterchancen. An der 78' huet den Thomas Breyer aus 25m ofgezunn an de Ball huet sech iwwert dem Käerch/Simmer Keeper am Eck gesenkt. Dueno hat Tricolore nach weider gutt Konterchancen an huet no hannen näischt méi ubrenne gelooss.