Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Schifflange '95 2:2 (0:2)

Wieder : bedeckt

Terrain : et gett, Sand drop

Zuschauer : 70

 

0:1 10', 0:2 34'

 

1:2 70' Sinanovic, 2:2 75' Sinanovic

1 Punkt géint Schëffléng, et hetten der och kéinte 3 ginn. 

Direkt huet Tricolore d'Kommando iwerholl, mee konnt leider näischt dobäi erausschloen. No 10' dunn d'kal Dusch, op riets huet sech e

Schëfflénger Spiller duerchgesat, hien huet an d'Mëtt geflankt, an um 2.Poto huet e Schëfflénger Spiller eragesat. D'Lokalequip war awer net

geschockt an huet weider no fir gespillt. Et ass näischt dobäi erauskomm, an och Schëffléng koum op.  An der 34' huet du Schëffléng den 0:2

markéiert, wéi no engem Korner, d'Tricolore Ofwier net am Bild war an e Spiller aus dem Gewuls eragesat huet. Bis zu Paus sollt sech trotz

de Beméiungen vun Tricolore näischt méi um Score enneren.

 

No der Paus, war de Mätch dunn hektesch ginn, an den Arbiter huet d'Kaarten nëmme sou verdeelt, no dem Motto : "Wer hat noch keine, wer will

noch eine". Vu bausse ass och vill Hektik eragedroe ginn. Tricolore huet awer net opginn, an huet sech Chancen erausgespillt. Duerch d'Awieslungen

vum Claude Beck, Adel Sinanovic a Mino Tria huet de Mätch weider Fahrt opgehol. De Claude Beck huet dunn och den Adel Sinanovic fräigespillt, an hien huet

aus +-20m ofgezun, am dem Goalie keng Chance gelooss. 5' drop ass dunn de Mino Tria op lénks duerchgaang, hien huet an d'Mëtt gepasst, an den

Adel Sinanovic huet volley eragesat.  Tricolore huet dunn Uewerwaasser krut an hat an der Schlussphase nach gutt Chancen fir de Mätch endgülteg ze dréien.

Schëffléng wollt och nach wannen, mee et sollt beim 2:2 bleiwen.

 

Insgesammt gutt Leeschtung. Tricolore huet eng gutt Moral bewissen, an hett kéinten an der Schlussphase nach gewannen.