Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Munsbach  - FC Tricolore Gasperich 0:2 (0:1)

0:1 39' Tria, 0:2 90' (+5') Bardhi

Wieder : kal, äisege Wand

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Zu Mënsbech huet Tricolore verdéngt de vollen Asaatz krut. En äisege Wand huet et heianso den Akteuren um Terrain schwéier gemaach fir en ordentlechen Spillopbau ze maachen.

Schon no 1' hat d'Lokalequip d'Chance zum 1:0, wéi op riets e Mënsbecher Spiller an den Tricolore Strofraum gedrongen ass, säi Schoss huet den David Spinelli awer paréiert. Dueno hunn sech béid Equipen neutraliséiert. Tricolore ass no 30' besser an d'Spill komm, an an der 39' huet de Mino Tria den 1:0 geschoss. Den Amer Dautbasic huet de Mino Tria no engem Fräistouss op lénks an d'Lach geschéckt, hien ass an de Mënsbecher Strofraum gedrongen an huet de Keeper mat engem Flachschoss bezwongen. Kuerz drop war de Mino Tria ërem op lénks an de Mënsbecher Strofraum gedrongen, mee seng Pass um 5m ass am Gewuls vu Spiller geland.

An der 2.Halschent huet sech Tricolore geschéckt zréckgezunn, d'Räim eng gemaach a Mënsbech d'Feld iwwerlooss. Mënsbech huet dunn och dominéiert, mee eppes konkretes ass net dobäi erauskomm. Mënsbech krut eng Rei vu Standardsituatiounen, mee Tricolore Ofwier war op der Héischt. Tricolore huet op Konter gespillt an nach 3-4 gutt Chancen fir de Score ze erhéigen. No 95' huet dunn den Edison Bardhi op Konter hinn den 2:0 geschoss a sou de Mätch endgülteg entscheed.

Eng gutt kämpferesch an taktesch Leeschtung vun Tricolore. Spillerech war op béide Säiten vill Leerlauf.