Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 22.11.2011 19.30h : FC Tricolore Gasperich - Sporting-Club Bettembourg 3:2 (2:1)

0:1 28' Bettembourg, 1:1 40' Soares, 2:1 42' Soares

3:1 70' Rizvani, 3:2 71' Bettembourg

 

Wieder : kal, +- 0°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Wichteg 3 Punkten kritt Tricolore géint Beetebuerg.

Schon no 1' war Beetebuerg geféierlech, mee de Spiller huet driwwer gesat. Och duerno war Beetebuerg méi preesent, de Goalgetter vu Beetebuerg huet och driwwer gesat. Tricolore hat awer och eng gutt Chance, mee de Pietro Lombardini ass um Keeper henke bliwwen. No engem Fräistouss ass Beetebuerg a Féierung gaangen, de Spiller huet de Ball aus 16m an de Wénkel gesat. Tricolore huet awer Moral gewissen, an der 40' ass op riets eng Flank an de Beetebuerger Strofraum erageschloe ginn, de Pietro Lombardini huet fir den André Soares zum 1:1 opgeluescht. 2' drop huet de Mino Tria den André Soares lancéiert, de Beetebuerger Keeper wollt virum Strofraum agräifen, krut de Ball net, an den André Soares huet de Goalie geloppt. 

An der 2.Halschent hat Tricolore de Mätch +- am Grëff. An d'Lokalequip huet verdéngt den 3:1 geschoss, den Denis Rizvani ass op riets geschéckt ginn, a säi Schoss vun hallefriets konnt de Beetebuerger Keeper net festhalen, a sou ass de Ball am Goal geland. Mee leider ass just 1' drop den 3:2 gefall, Tricolore Ofwier huet op der rietser Säit geschlof. Dueno ass Beetebuerg nach geféierlech ginn, mee Tricolore huet verdéngt de Virsprong verteidegt.

Gutt Leeschtung vun Tricolore géint eng geféirlech Equip vu Beetebuerg.