Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - U.S. Sandweiler 2:2 (0:2)

0:1 7', 0:2 25'

1:2 85' Da Rocha, 2:2 90' (+1') Ribeiro

 

Wieder : bedeckt, kal, +- 0°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

Opgrond vun enger Energieleeschtung an der Schlussphase huet Tricolore nach géint Sandweiler gläichgespillt.

Sandweiler huet zunächst de Mätch total ënner Kontroll gehat an ass schon no 7' a Féierung gaangen, wéi e Sandweiler Spiller vu riets op der Ausselinn um 16m an d'Mëtt gepasst huet an en anere Spiller konnt de Ball locker erasetzen. Sandweiler huet weider no vir gespillt, Tricolore war praktesch inexistent. De Steve Krier am Tricolore Goal huet missen eng super Parad maachen, wéi e Spiller ganz fräi vum 5m konnt ofzéien. Trotzdem huet et an der 25' nees am Tricolore Goal gebimmelt, wéi d'Tricolore Ofwier iwwerlaf gouf an e Sandweiler Spiller konnt locker zum 0:2 verwandeln. Tricolore huet awer de Rescht vun der Halschent endlech méi engagéiert gespillt a kuerz virun der Paus hett d'Lokalequip kéinten e Penalty kréien, wéi no enger schéiner Kombinatioun de Filipe De Lemos mam Sandweiler Keeper e Clash am Strofraum hat, mee den Arbitter huet op en Zusammeprall entscheed.

D'2.Halschent war vun Tricolore Säit däitlech besser.D'Lokalequip war méi bësseg an aggressiv an huet no vir gespillt. Sandweiler huet op Konter gespillt an hat déi eng oder aner geféierlech Aktioun opzeweisen. Sandweiler huet et awer verpasst de Sak zouzemaachen. Tricolore ass ëmmer besser an d'Spill komm an huet dunn d'Schlussphase dominéiert. Verschiede Schëss sinn vum Sandweiler Keeper gehal ginn. Tricolore ass awer ëmmer besser opkomm, an an der 85' huet den Orlando Da Rocha no enger schéiner Kombinatioun de Ball an d'Masche gesat. Tricolore huet weider dru gegleeft, an an der Nospillzäit krut den Orlando Da Rocha de Ball, huet sech duerchgetankt an um 16m de Ball dem Mike Ribeiro an de Laf gespillt, deen de Ball an den Eck versenkt huet. 

Tricolore huet eng gutt Moral gewissen. Déi 3 Awieselspiller hu vill Schwong an d'Equip bruecht.