Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,18.03.2007 15.00h : Tricolore - Flaxweiler/Beyren 0:1 (0:1)
Wieder : staark bedeckt
Terrain : bespillbar, et puer Waasserpullen
Zuschauer : 100
0:1 6'
  
Géint eng routinéiert a spillerech gutt organiséiert Equip vu Fluessweiler/Beyren huet Tricolore verdéngt verluer. 
Fluessweiler/Beyren läit Tricolore einfach net : Déi 3.Nidderlag ouni Goal. (Championnat + Coupe). 
 
Tricolore huet zwar kempfëresch versicht dogéint zehalen, mee war an den entscheedenen Duellen ënnerleegen.
An der Ufanksphase war déi riets Ofwiersäit vun Tricolore total vun der Roll, a sou sinn oft geféierlëch Situatiounen entstan. 
An der 6' huet et dunn och scho gebimmelt :  1-2-3- Kombinatioun vun Fluessweiler/Beyren an e séiere Spiller huet an de laangen
Eck eragesat. De Michele Corallo ass an der 22' no engem haarden Teckling vum Terrain gesat ginn. Fluessweiler/Beyren huet
d'Spill kontrolléiert an Tricolore huet réagéiert. Goalchanchen waren douno rar.
 
An der 2.Halschent huet Tricolore versicht eppes ze rappen, mee ouni Erfolleg, 50-50 Sitouatiouen sinn ëmmer ërem fir Fluessweiler/Beyren
ausgaang. De Filipe De Lemos huet kuerz no der Paus ,fräi de Ball net konnte kontréilleren, gutt Chance. Fluessweiler/Beyren war
och kierperlech clever. An der Schlussphase huet de Steve Krier nach eng Kéier séi Kënne gewissen duerch gutt Paraden.
 
Kämpferesch OK, mee leider net genug.