Spillbericht Senior 1 Championnat 21.09.2008 15.30h : Schouweiler - Tricolore 2:1 (2:0)

Wieder : bedeckt, fresch

Terrain : et geet

Zuschauer : 50

 

E schwaache Mätch huet Tricolore zu Schuller ofgeliewert.

 

Et war vill Kampf a Krampf ob bäide Säiten. Op dem klenge Terrain huet de Wand geblosen, a sou sinn d'Bell of an der Luucht henke bliwwen. Tricolore

hat déi éischt geféierlech Goalchancen, de Pietro Lombardini hat de Schuller Goalie getest, an de Mike Ribeiro huet fräi virum Goal de Ball net ënnerbruecht.

Dueno ass awer Chaos an der Gaaspërecher Ofwier entstann, an an enger Situatioun ware gläich 3 Schuller Spiller  alleng  virum Goal, mee de Schuller Spiller,

deen de Ball hat, huet kläglech vertendelt. An der 32' ass dunn awer d'Lokalequip a Féierung gaang, wéi e Spiller de Ferdy Ciufoli am Strofraum stoe gelooss huet

an de Ball eragesat huet. Kuerz virun der Paus het Tricolore den Ausgläich kënne schéissen, mee de Pietro Lombardini ass um Schuller Keeper henke bliwwen.

Praktësch am Géigenzug ass dunn den 2:0 gefall, wéi d'Tricolore Ofwier de Ball ërem lichtsinneg ofginn huet an de Schuller Spiller huet de Kado dankbar ugehol.

 

No der Paus huet zunächst Tricolore déi richteg Entwert ginn a Schuller direkt ënner Drock gesat. An der 50' huet de Ferdy Ciufoli en Aworf direkt ausgeféiert, de

Ball dem Pietro Lombardini a de Laf gespillt, an hien huet am Schuller Strofraum de Ball zum 2:1 eragesat. Dueno war Tricolore beméit d'Spill an de Grëff ze kréien,

war och dominant, mee eng konkret gutt Aschossméiglechkeet soll net méi dobäi erauskommen, zum Schluss het Schuller nach e weidere Goal kënne schéissen.

 

Insgesammt total enttäuschent, spilleresch a kämpferesch schwaach. Mat e sou enger Leeschtung ass net méi vill ze huelen, do muss eng gewalteg Verbesserung kommen.