Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Flaxweiler/Beyren Udinesina  - FC Tricolore Gasperich 1:1 (1:1)

0:1 4' Ribeiro, 1:1 31'

Wieder : liicht bedeckt, +- 15°

Terrain : knubbëleg

Zuschauer : 50

 

 

 

 

An engem vu Kampf a Krampf geprägte Mätch huet Tricolore 1:1 zu Beyren gespillt.

Et ass gudd ugaang fir Tricolore, schon an der 4' ass de Mike Ribeiro fräigespillt ginn, an hien huet aus +-16m de Lokalkeeper iwwerlobt. Dueno ware et spillerësch roueg um Terrain, ausser dass  praktesch all Minutt ee Spiller um Boudem louch. An der 31' huet Fluessweiler/Beyren ausgeglach wéi d'Tricolore Ofwier am Déifschlof war. D'Lokalequip huet weider no vir gespillt a vun Tricolore war an der 1.Halschent net méi vill ze gesinn. De Michele Corallo hett missen an der 45' ausgewieselt ginn. No engem Clash am Tricolore Strofraum hat hien d'Rëpper getéitscht, bzw. gebrach. 

Nom Pausentéi war et zunächst d'Lokalequip déi de Mätch dominéiert huet.  Fluessweiler/Beyren hat puer Chancen, mee si konnten se net verwerten. An de leschten 10' war dunn Tricolore offensiv besser, an den André Soares kruut e Goal duerch Abseits ofgepaff ? (wees net ob et Abseits war), an an der leschter Minutt hat de Mike Ribeiro nach d'Chance fir de Mätch ze entscheeden, mee hien ass um Lokalkeeper henke bliwwen.

Dat war e Mätch, dee schwiereg war. Vill Knupp Knupp, kee richtege Spillfloss, mat vill Agressivitéit verbonnen.