Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,07.10.2007 15.10h : Remich - Tricolore 1:1 (0:1)
Wieder : sonnëg
Terrain : OK
Zuschauer : 90
0:1 32' Tria
1:1 47' Ciufoli (Selbstgoal) 
 
D'Bell sinn zu Réimech héisch geflunn. Tricolore het ogrond vun de Goalchancen kéinten 3 Punkten afueren, mee et sollt net sinn.
 
Spillerëch war de Mätch kee Lekerbissen, dofir sinn einfach Passen net ukomm. De Ball war oft an der Luucht an et ass kee richtege
Spillfloss opkomm. Awer : An der 1' huet de Roberto Rampino vu lénks ofgezunn, versemmelt. An der 22' war et Gewuels am Réimercher
Strofraum, mee Tricolore konnt net verwerten. No enger ze kuerzer Réckpass vun engem Réimëcher Spiller krut de Mino Tria de Ball,
an hie konnt an der 32' zum 0:1 erasetzen. Réimëch war duerch Standardsituatiounen geféierlech well Tricolore a geféierlëcher
Zonen ze oft gerippt huet. 
 
Nom Pausentéi de Schock fir Tricolore : De Ferdy Ciufoli keppt de Ball an d'eenge Maschen. Dueno war Réimech dominant an huet
Tricolore ënner Drock gesat, awer d'Lokalequip konnt kee Notzen doraus zéien. An der Schlussphase war et dunn ërem Tricolore déi
Drock gemaach hunn a och gutt Chancen hat, mee de Ball net an d'Netz konnt ënnerbréngen. 
 
Balla Balla, Bum Bum, de Ball oft an der Luucht, Mondbell een no deem aneren, teschnech schwaach, an awer 2 Goaler gesinn.