Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 04.09.2013 19.30h : AS Luxembourg Porto - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:0)

0:1 51' Carlo Antonicelli, 0:2 56' Florian Gonzalez, 1:2 77' (AS Luxembourg Porto) 

 

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 40

 

 

 

Tricolore gewënnt verdéngt mat 2:1 bei AS Luxembourg Porto. 

An der 1.Halschent war de Mätch relativ schwaach, Tricolore huet just déi 10' gutt gespillt an dueno de Fuede verluer. AS Luxembourg Porto hat dueno de Mätch méi am Grëff, d'Lokalequip huet sech eng oder déi aner Goalchanche erausgespillt, mee war awer och harmlos. 

E ganz anert Bild an der 2.Halschent : Tricolore huet de Mätch direkt an d'Hand geholl an d'Spill kloer dominéiert, an der 51' huet de Carlo Antonicelli no engem Korner agenetzt. 5' drop huet de Carlos Santos de Florian Gonzalez geschéckt an hien huet dem Lokalkeeper keng Chance gelooss. Tricolore war weider iwwerleeën, huet et awer verpasst e weidere Goal ze schéissen. An der Schlussphase ass ASL Porto dunn nees besser an d'Spill komm. An der 77' huet den Arbiter op 1:2 entscheed, obwuel dem ASL Porto Spiller säi Schoss net iwwert der Goallinn war. ASL Porto huet nach eppes versicht ze rappen, mee an de leschte Minuten war nees Tricolore méi geféierlech.