Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - Union Mertert/Wasserbillig 2:1 (0:1)

0:1 33'

2:2 54' Silva, 2:1 72' Cardoso

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Verdéngt huet Tricolore déi 3 Punkten géint Märtert/Wasserbëlleg agefuer.

An der éischter halfer Stonn hat Tricolore 3 Riesechancen fir a Féierung ze goen, mee weder de Carlo Antonicelli, de Mike Ribeiro oder den Elio Cardoso hunn de Ball ënnerkrut. Tricolore hat d'Spill am Grëff an huet Märtert/Wasserbëlleg a Schach gehal. Déi lescht 15' virun der Paus hunn awer dunn de Gescht gehéiert, an den 0:1 ass an der 33' gefal, wéi Tricolore Ofwier net am Bild war, e Spiller koum fräi am Strofraum zum Schoss, an de Steve Krier am Tricolore Goal war machtlos. Tricolore war net méi aktiv, a Märtert/Wasserbëlleg hat eng gutt Chance virun der Paus fir ze erhéigen, mee de Spiller vun de Gescht huet säi Schoss verzunn.

No der Paus huet Tricolore awer ërem d'Spill kontrolléiert an no vir gespillt. An der 54' ass dunn den 1:1 gefall, no engem Fräistouss vu riets vum Tun Curioso huet den Joscelino Silva mam Kapp eragesat. Tricolore war weider um Drécker. An der 72' huet d'Lokalequip dunn den 2:1 geschoss, den Amer Dautbasic huet ofgezunn, de Keeper vu Märtert/Wasserbëlleg konnt de Ball just ofklatschen an den Elio Cardoso huet aus 5m zum 2:1 eragesat. Dueno huet Märtert/Wasserbëlleg nach versicht eppes ze räissen, mee ouni grouss Gefor auszestrahlen.

Ausser der Véirelstonn virun der Paus hat Tricolore de Mätch méi oder wéineger am Grëff an huet esou verdéngt gewonn.