Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Rodange '91  - FC Tricolore Gasperich 1:3 (1:2)

0:1 6' (Selbstgoal), 0:2 35' Sinanovic, 1:2 42'

1:3 69' Sinanovic

 

Wieder : dréif, +- 15°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Zu Rodange konnt Tricolore 3 Punkten afueren.

Vun Ufank un war Tricolore aktiv, a schon an den éischte 5' huet d'Equip scho gutt Goalaktiounen gewissen. An der 6' ass dunn den 0:1 gefall, wéi no enger Flank op den 2.Poto e Rodanger Spiller de Ball onglécklech eragesat huet. Tricolore huet weider no vir gespillt, d'Offensiv war gutt lancéiert, zumools iwwer riets duerch de quirlegen Mike Ribeiro si vill geféierlech Situatiounen entstan. Rodange ass lues a lues och besser an de Mätch komm, d'Tricolore Defensiv huet awer näischt ubrenne gelooss. An der 35' ass dunn den 0:2 gefall : no enger Flank vum Amer Dautbasic huet den Adel Sinanovic per Kapp virum Rodanger Goalie eragesat. An der 42' huet Tricolore awer gepennt : No engem Ofschlag an den Aus vum Steve (Bip) Wolff, huet Rodange direkt ëmgeschalt, vu riets ass de Ball an d'Mëtt geflankt ginn, wou e Spiller vum 5m fräi konnt zum 1:2 verkierzen.

Rodange ass besser aus der Paus komm, an d'Ofwier vun Tricolore huet missen eng oder déi aner Kéier brenzlech Situatiounen bereinegen. Dueno ass Tricolore awer ërem besser an d'Spill komm an hat Chancen. Den Amer Dautbasic huet den Adel Sinanovic geschéckt an hien huet virum Goal dem Rodanger Keeper keng Chance gelooss. Dunn huet Tricolore de Mätch kontrolléiert an hat nach gutt Konterchancen, déi leider net genotzt gi sinn, Rodange war selte geféierlech.

D'ganz Equip vum FC Tricolore huet Asaatz gewissen, e gudde Mätch gemaach.