Spillbericht Senior 2 Championnat Freideg, 02.05.2008 19.30h : Tricolore - Steinsel 0:1 (0:1)
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : knubbeleg
Zuschauer : 50
0:1 4'
 
 
Onglécklech huet Tricolore géint den Tabelleleader Steesel verluer. An den éischte 15' ass Steesel och wéi e souveräne Leader opgetrat an Tricolore
ass kaum iwert d'Mëttellinn komm. An der 4' dunn och schon den 0:1, wéi en Ofwierspiller de Ball am Strofraum verpasst huet, an de Steeseler Spiller
huet an de Wénkel gesat. No +- 20' ass dunn Tricolore endlech erwescht, mee huet direkt missen e Réckschlag erleiden, wéi de Pietro Lombardini
verletzt ausgescheed ass, wéinst Knéiproblemer. Tricolore huet dueno d'Spill bestëmmt, an hat eng Riesechance, wéi den Antonio Virgulino aus 16m 
de Goal fräi hat, mee hien huet driwwer gesat. No der Paus, huet Tricolore direkt d'Heft an d'Hand gehol an huet kloer dominéiert. Eng Reih vu gutt bis
super Chancen sinn dobäi erausgesprong, wou Spiller am Steeseler Strofraum fräi zum Schoss komm sinn, mee de Ball sollt net eragoen. An der Mëtt
vun der 2.Period huet Steesel sech dunn ërem aus der Ëmmklammerung befreit an hat op Konter hinn och ërem Chancen. Tricolore huet weider dominéiert, 
huet awer ab der 75' ofgebaut an d'Ideen sinn ausgaang. Steesel het nach kéinten den 2:0 schéissen, wéi Tricolore total opgemaach huet. An der leschter
Minutt ass dunn Tricolore nach e Penalty verweigert ginn, wéi e Steeseler Spiller de Ball am Strofraum mat der Hand weidergeleet huet.