Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 15.11.2013 20.00h : FC Sporting Bertrange - FC Tricolore Gasperich 3:0 (2:0)

1:0 38', 2:0 42' 

3:0 57'

Rout Kaart Bertrange an der 66'

 

Wieder : kloren Himmel, kal, +- 3°

Terrain : schlecht, déif, knubbeleg

Zuschauer : 30

 

 

 

 

Géint Bartréng geet d'schwaarz Serie weider, déi 5.Nidderlag hannereneen mat enger Goaldifferenz vun 0:21. Déi éischt 30' war Tricolore gutt am Spill, an huet déi séier Bartrénger Equip a Schach gehalen. Tricolore hat esou guer déi 2 beschte Chancen, e Fräistouss vum Tun Curioso huet de Bartrénger Keeper paréiert, an de Miguel Pereira hat de Ball um 5m knapp dolaangscht gesat. Dueno konnt Tricolore Bartréng awer net méi paréiren, a virun der Paus huet déi technesch gutt Equip vu Bartréng op 2:0 gesat. An der 2.Halschent huet Tricolore probéiert nach eppes no vir ze rappen, mee war awer net méi geféierlech. Dogéint huet Bartréng seng Schnellegkeet weider ausgespillt an hat nach puer Chancen, och mat 10 Mann.