Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 21.09.2014 16.00h : FC Blo-Wäiss Itzig - FC Tricolore Gasperich 3:1 (2:0)

1:0 14' Itzig, 2:0 19' Itzig

3:0 50' Itzig, 3:1 70' Michel Verrucci

 

Wieder : staark bedeckt, liichte Reen, +- 15°

Terrain : gutt

Zuschauer : 90

 

 

 

 

 

 

 

2 verschidden Halschenten hunn d'Zuschauer zu Izeg gesinn.

D'Lokalequip huet Tricolore vun Ufank un ënner Drock gesat, an et war quasi e Spill op ee Goal. Izeg war no 19' dunn och schon 2:0 vir. Tricolore hat Schwieregkeeten mam séiere Spill vun Izeg a stoung weider ënner Drock. Ab der +-35' huet Tricolore dunn awer besser dowidder gehalen an huet besser no vir gespillt. Leider krut Tricolore kuerz no der Paus den 3:0 geschoss. Tricolore huet dunn awer de Mätch total dominéiert, an de Michel Verrucci huet nach op 3:1 verkierzt. Tricolore hat nach weider Chancen fir erun ze kommen. An der Schlussphase hat Izeg och nach gutt Konterchancen.