Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Blo-Wäiss Itzig 1:0 (0:0)

 

1:0 80' Ribeiro

 

Wieder : bedeckt, deelweis Reen

Terrain : OK

Zuschauer : 100

 

 

 

 

E schwaache Mätch hunn d'Leit zu Gaasperech zwëschen Tricolore an Izeg gebuede krut.

Tricolore wollt wannen an Izeg huet op ee Punkt gespillt. Tricolore war beméit, hat an der 1.Halschent awer géint déi dicht gestaffelt Ofwier vun Izeg keng konkret Goalchance. Izeg huet op Konter gelauert, war awer och net weider geféierlech. Sou sinn an der 1.Period och keng Goaler gefall. 

No der Paus, dat gläicht Spill. Tricolore huet awer besser kombinéiert, leider war déi lescht Pass net genau genug. Izeg konnt dunn och a Féierung goen, 2 Mol op Korner hinn, ware si geféierlech, an de Mike Ribeiro huet missen op der Goallinn retten. Op der Géigesäit ass Tricolore awer och zu Chance komm, eng Kéier huet den Orlando Da Rocha no engem schéine Krochet aus 5m verzunn. Den entscheedene Goal ass an der 80' gefall, wéi de Mike Ribeiro op riets fräigespillt ginn ass, hien huet de Ball direkt ugehol an aus +-20m ofgezunn, de Ball ass via rietse Poto am Goal geland. An de leschten 10' huet d'Lokalequip näischt méi ubrenne gelooss.

Kee gudde Mätch, Tricolore huet awer versicht Futtball ze spillen, Izeg stoung déif, esou dass et schwéier war. Et huet no 0:0 gerischt, de Mike Ribeiro huet awer nach de goldene Goal fonnt.