Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Flaxweiler-Beyren Ud01  - FC Tricolore Gasperich 2:2 (2:0)

1:0 24' (Penalty), 2:0 30'

2:1 66' Cardoso, 2:2 79' Tria

 

Wieder : staark bedeckt, +- 8°

Terrain : schlecht

Zuschauer : 50

 

 

 

Arbitter : Michelini - Hoffmann P - Schiel

Op engem schlechten Terrain zu Beyren huet Tricolore dank enger klorer Leeschtungssteigerung nach gléklech e Punkt ergattert.

An der Ufanksphase war d'Lokalequip kloer dominant an huet Tricolore beherrscht. De Steve Krier am Tricolore Goal huet déi eng oder aner Kéier misse paréiren. An der 24' krut dunn Fluessweiler/Beyren e Penalty zougesprach, wéi no enger Flank de Ball op dem Aarm vum Armand Joffroy geland ass. De Steve Krier huet de Penalty zunächst paréiert, mee de Noschoss huet de Spiller eragesat. An der 30' huet d'Lokalequip dunn den 2:0 geschoss, wéi d'Tricolore Ofwier geduescht huet et wär Abseits, d'Spill ass awer weider gaangen. Tricolore war weider net genug preesent an hat Schwieregkeeten. No vir ass näischt gaangen.

D'2.Halschent war besser. Tricolore ass an d'Zweekempf gaangen an huet der Lokalequip de Schneid ofkaf. No vir ass awer net vill gaangen, esou dass de Mätch sech am Mëttelfeld ofgespillt huet. An der 66' ass dunn Tricolore fir d'Beméiungen belount ginn, e Fluessweiler/Beyren Spiller huet de Ball vertendelt, den Elio Cardoso ass dotëschent gaangen, ass op de Goal gezunn an huet de Ball an de laangen Eck gesat. D'Moral am Tricolore Lager war besser an d'Equip huet weider no vir gespillt. An der 79' huet dunn de Mario Mendes vu lénks an d'Mëtt geflankt an de Mino Tria huet de Ball per Kapp an den Eck gesat. Dueno war d'Lokalequip ërem méi aktiv, ouni awer grouss geféierlech ze ginn. Beim Stand vun 2:2 (???) an der leschter Minutt ass dunn de lokale Goalkeeper bei engem Korner no fir gestiermt, an dat ass bal bestroft ginn, de Steve Krier huet de Ball krut an huet wéit op den Elio Cardoso deegagéiert, deen awer vum engem Spiller zréckgezu ginn ass, esou dass hien d'Méiglechkeet net hat fir an den eidele Goal ze zielen. Nom Mätch, déi üblech Diskussiounen a Pöbeleien zu Beyren.

1.Halschent ass Tricolore zevill hannendru gelaf, mee 2.Halschent war d'Equip méi aggressiv. Tricolore huet missen op vill Stammspiller verzichten (Verletzungen a Sperren).