Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 07.04.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Kopstal '33  2:2 (1:1)

1:0 24' Antonicelli, 1:1 42' (Penalty)

1:2 81', 2:2 83' Virgulino

 

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Tricolore huet schlecht gespillt.

D'Ufanksphase huet Tricolore gehéiert an d'Lokalequip hat 2 gutt Chancen fir a Féierung ze goen. Dueno huet Koplëscht de Mätch an de Grëff geholl an dominéiert, d'Tricolore Ofwier stoung awer um Posten fir Koplëscht a Schach ze halen. Op der Tricolore Säit war spilleresch Magerkost ugesot. Trotzdem ass Tricolore an der 24' a Féierung gaang, den Ervin Ceman ass op lénks duerchgaang, säi Schoss huet de Koplëschter Keeper paréiert, de Ball ass an d'Mëtt ofgeprallt, an den Erdovan Sali huet aus 16m de Ball an den Eck gesat. Koplëscht huet sech awer net beiren gelooss a weider no vir gespillt. Eng Super Parade huet de Sergio De Freitas am Tricolore Goal an der 27' misse bréngen fir de Koplëschter Ausgläich ze verhënneren. Koplëscht war weider um Drécker. An der 42' huet den Arbiter dunn op Penalty fir Koplëscht entscheed, wéi no engem Zweekampf e Koplëschter Spiller op de Boudem gaangen ass. De Koplëschter Spiller huet de Penalty zum 1:1 verwandelt.

No der Paus war Koplëscht weider dominant an de Sergio de Freitas am Tricolore Goal huet missen op der Hut sinn. Vun Tricolore koum kaum nach eppes offensives, zevill Ofspillfeeler si gemaach ginn. No engem Duell zwëschen dem Tricolore Keeper an engem Koplëschter Spiller am Strofraum hat Tricolore Gléck. Koplëscht huet weider dominéiert an Tricolore huet op Konter gespillt. An der 81' ass Koplëscht a Féierung gaangen, no engem Gewuels am Tricolore Strofraum krut d'Lokalequip de Ball net eraus, an e Koplëschter Spiller huet zum 1:2 eragesat. Tricolore huet awer eng gutt Moral gewissen, an 2' drop ass den Ausgläich gefall, den Erdovan Sali huet vu riets geschoss, de Ball ass méi laang ginn, an um 2.Poto huet den Toy Virgulino, dee gutt matgelaf war, de Ball iwwer d'Linn gedréckt. Dueno haten nach béid Equipen d'Chance fir ze wannen.

Eng entäuschent Leeschtung vun Tricolore. Koplëscht war méi bësseg.