Spillbericht Coupe de Luxembourg Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Syra Mensdorf 1:3 (1:1)

1:0 21' Soares, 1:1 37'

1:2 75' (Penalty), 1:3 80'

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : gutt

Zuschauer : 70

 

 

 

Eng enttäuschend Leeschtung huet Tricolore géint Menster gewissen a sou ass d'Aventure Coupe schon am 1.Tour färdeg.

Béid Equipen hate Problemer an d'Spill ze fannen, Kampf a Krampf. An der 21' huet dunn den André Soares den 1:0 fir d'Lokalequip geschoss, wéi no enger Flank vu lénks hien virum Menster Keeper konnt de Ball anetzen. Dueno ass Menster awer besser opkomm an Tricolore ass ageschlof. Logësch Konseequenz, den 1:1 an der 37'.

Och an der 2.Halschent war d'Spill net besser, den Asaatz war do, mee spilleresch ass vu béide Säiten Magerkost gewisse ginn. Menster war och vill theatralech, an et huet ee gemengt do wäre vill Spiller op der Theaterschoul gewiescht, bei praktech all Foul hat ee geduecht elo géif een um Terrain stierwen. De Mätch war schwaach. An der 74' Minutt ass e Spiller vu Menster no enger verfeeltener Abseitstellung alleng op den Tricolore Goal gaangen, de Steve Volz am Goal huet missen am Strofraum d'Noutbrems zéien, logësch Konseequenz, Penalty a Rout Kaart. Menster huet de Penalty secher verwandelt an huet kuerz drop nach den 1:3 geschoss.

Einfach e schlechte Mätch vun Tricolore, Menster huet verdéngt gewonn.

Kommentar vun engem Tricolore Supporter, Michele Panza : Mauvais match, mais pas dramatique, nous attendons le 1er match de championnat, nous sommes convaincus que nous aurons une tournure positive et constructive, n'oublions pas qu'il y a +- 6 joueurs absents, nous soutenons l'entraîneur, mais il doit être plus sec avec les joueurs.