Spillbericht Coupe de Luxembourg : Etoile Sportive Clemency  - FC Tricolore Gasperich 0:2 (0:0)

 

0:1 69' Cardoso, 0:2 90' (+3') Cardoso

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : gutt

Zuschauer : 100

 

 

 

 

An der Coupe de Lëtzebuerg huet sech Tricolore opgrond vun der besserer Chancenverwertung zu Këntzeg duerchgesat.

Am Ufank huet Tricolore de Mätch kontrolléiert, de Bal lafe gelooss, mee et war Këntzeg déi di éischt geféierlech Goalaktioun hat, e Spiller vun der Lokalequip huet awer dolaangschtgesat. Tricolore huet weider de Mätch kontrolléiert a virun der Paus hat d'Equip eng gutt Kombinatioun gewissen, mee no enger Flank vu riets huet den Hugo Azevedo de Ball mam Kapp just laangscht gesat. Soss haten d'Ofwierreihen op béide Säite de Mätch ënner Kontroll.

No der Paus war et Këntzeg, déi besser an d'Spill komm sinn a si haten eng gutt Chance. Tricolore huet awer direkt geentfert an hat och eng gutt Goalchance. De Mätch ass méi lieweg ginn a béid Equipen haten Chancen fir a Féierung ze goen. An der 69' huet Tricolore dunn gescort, e Këntzeger Spiller huet de Ball ze kuerz zréck gespillt, den Elio Cardoso ass dotëschent gaangen op de Goal gezunn, an huet de Ball an den rietse Goaleck gesat. Kuerz drop hat awer Këntzeg eng gutt Goalchance, no Ping Pong am Tricolore Strofraum ass de Ball schlussendlech vum Denis Rizvani erausgeschloe ginn. Këntzeg huet nach eng Kéier probéiert, mee Tricolore huet näischt méi zougelooss. An der leschter Minutt huet dunn den Denis Rizvani per Hacke den Elio Cardoso fräigespillt, an hien ass am Këntzeger Strofraum geluescht ginn, Penalty deen den gefoultenen selwer a sëcher verwandelt huet.

Eng gutt Leeschtung vun Tricolore an engem ausgeglachene Mätch.