Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 14.04.2013 16.00h : Union Mertert/Wasserbillig - FC Tricolore Gasperich 2:0 (1:0)

1:0 27'

2:0 87'

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : schmiereg

Zuschauer : 100

 

 

 

 

 

Trotz enger gudder kämpferëscher Leeschtung huet Tricolore 2:0 zu Waasserbëlleg verluer.

Tricolore huet Mertert/Wasserbëlleg d'Spill iwwerlooss an sech zréckgezunn. Logëscherweis huet d'Lokalequip doduerch Korneren kritt déi awer näischt abruecht hunn. Tricolore hat an eng oder der anerer Situatioun geschlof, d'Lokalequip konnt awer net dovunner profitéiren. An der 27' ass dunn awer den 1:0 gefall, op lénks ass Tricolore iwwerlaf ginn, e lokale Spiller ass an de Strofraum gedrongen, hien huet de Ball an de Réck vun der Tricolore Ofwier gespillt, an e Mertert/Wasserbëlleger Spiller konnt fräi aus 10m ersaetzen. Bis zur Paus ass dunn näischt méi nennenswertes passéiert.

Och an der 2.Halschent huet d'Lokalequip de Mätch dominéiert ouni awer grouss Gefoer auszestralen. Ee Spiller vun der Lokalequip huet no engem Schoss aus 20m de Poto getraff. Tricolore huet d'Lokalequip besser an de Grëff krutt, konnt awer no vir keng Akzenter setzen. An der leschter Véierelstonn huet Tricolore méi offensiv gespillt, ass awer dobäi harmlos bliwwen. No engem Foul un Tricolore huet Mertert/Wasserbëlleg profitéiert an e Spiller huet de Ball iwwert de Simon Leick gelupft.

Tricolore huet super gekämpft géint e spillerësch besser Equip vu Mertert/Wasserbëlleg. Leider ass no vir näischt gaangen.