Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Les Amis de la Moselle Remerschen - FC Tricolore Gasperich 0:4 (0:1)

Wieder : bedeckt, +-10°

Terrain : et geet

Zuschauer : 50

 

 

 

0:1 9' Curioso

 

0:2 48' Da Rocha, 0:3 67' Da Rocha, 0:4 89' Lombardini

Zu Remerschen huet Tricolore kloer gewonnen.

Schon an der 1' ass den Orlando Da Rocha no enger schéiner 1-2 mam Pietro Lombardini fräi am Remerschener Strofraum zum Schoss komm, mee hien huet

de Ball net richteg getraff. An der 9' huet den Antonio Curioso per direkte Fräistouss de Ball aus 25m an de Wénkel gesat. Dueno huet Tricolore nogelooss a

Remerschen ass méi aktiv ginn. Dobäi ass e Remerschener Spiller fräi zum Ball komm an hie war fräi virum Tricolore Goal, huet awer ze laang gewaart fir ze schéissen, a sou nach de Ball vertendelt. Den Orlando Da Rocha ass awer och nach eng Kéier ërem fräi virum Goal opgetaucht, säi Schoss ass awer aus kuerzer Distanz ofgewiert ginn. Dueno war Remerschen bis zur Paus besser, an Tricolore war fir eng Zäit deesorientéiert, Remerschen konnt awer kee Kapital doraus schloen.

 

Kuerz no der Paus ass den Orlando Da Rocha ërem fräigespillt ginn an huet zum 2:0 fir Tricolore eragesat. An der 53' ass dunn den Tricolore Kapitän Ferdy Ciufoli vum Terrain geflunn no enger Rangelei mat engem Remerschener Spiller. Obwuehl Tricolore dueno an Ënnerzuel war, huet Tricolore d'Spill ërem besser an de Grëff krut an huet Remerschen kontrolléiert. D'Awieselspiller vun Tricolore hunn sech gutt an d'Spill agefügt. An der 67' huet den Orlando Da Rocha sech op riets duerchgetankt, ass an de Strofraum gezunn an huet zum 0:3 eragesat. Tricolore hat nach weider Konterchancen, eng dovunner huet de Pietro Lombardini no engem Pass vum Antonio Curioso an der 89' genotzt. 

 

Tricolore huet verdéngt gewonn, hat just virun der Paus eng kleng Schwächeperiod.