Championnatsmätch Senior 1 : The Belval Belvaux - Tricolore Gasperich 2:3 (1:0)

1:0 22'

 

1:1 68' Ribeiro, 2:1 78', 2:2 88', 2:3 90' (+2') Lombardini

Verdéngt huet Tricolore zu Bieles gewonn.

Am Ufank huet Tricolore scho gutt Aschossméiglechkeeten gehat, et ass awer näischt dobäi erauskomm. De Kapitän Ferdy Ciufoli

hat och e super Schoss lasgelooss, de Bieleser Keeper huet glänzend paréiert. Béid Equipen hate Chancen, a Bieles huet an der 22'

den 1:0 geschoss, d'Tricolore Ofwier huet geschlof, 2 Bieleser Spiller fräi virum Emanuele Chioato, den 1.Schoss konnte e nach paréiren,

mee den 2.Bieleser Spiller huet eragesat.  Dueno war Tricolore beméit, ouni awer Erfolleg ze hunn.

 

No der Paus huet Tricolore d'Spill kontrolléiert a weider no vir gespillt. No weider Chancen huet de Mike Ribeiro zum 1:1 eragesat.

De Filipe de Lemos huet kuerz drop knapp verzunn. Bieles huet dat ausgenotzt, an an der 78' zum 2:1 eragesat, wéi den Joel Nobre an den

Emanuele Chioato sech net eens gi sinn wee de Ball soll huelen, an de Bieleser Spiller den Tricolore Keeper gelopt huet. Dobäi ass den

Tricolore Goalie verletzt ginn, an ass duerch den David Spinelli ersat ginn. Tricolore huet eng gutt Moral gewissen an huet duerch de Mike Ribeiro

an de Pietro Lombardini an der Schlussphase de Mätch gedréit.

 

Vill Goalchancen, zum Schluss ass Tricolore belount ginn.