Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,06.04.2008 15.30h : Tricolore - Remich 0:0
Wieder : staark bedeckt, frësch
Terrain : bespillbar
Zuschauer : 40
 
Keng Goaler zu Gaasperech ze bestaunen, an dat war och nom Spillverlaf gerecht esou.
 
No Ufanksschwieregkeeten, huet Tricolore an der d'Mëtt vun der 1.Period de Mätch kontrolléiert an hat duerch de Carlo Antonicelli
déi bescht Goalchance vum Mätch, wéi hien vum Pietro Lombardini schéi fräigespillt ginn ass, mee am Réimecher Strofraum huet
hien knapp laangscht gesat. An der 36' huet de Pietro Lombardini sech nach eng Kéier duerchgetankt, mee hien huet säi Schoss
iwwer de Goal gesat. 
 
An der 2.Halschent ass dunn Réimech besser an d'Spill komm an huet Tricolore zréckgedrenkt. 1 konkret Goalchance hat du Réimech 
wéi 5' viru Schluss e Spiller um 2.Poto konnt fräi ofzéien, mee säi Schoss ass vum David Spinelli paréiert ginn. Tricolore hat nach Konterchancen,
mee näischt konkretes méi. Zum Schluss sinn dunn och nach Leit hannert der Klotür opgefall, mee si konnten den Niveau vum Mätch och net
erhéigen. 
 
0:0, béid Säiten offensiv schwaach, physëche Mätch, de Ball war oft an der Luucht.