Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC The Belval Belvaux - FC Tricolore Gasperich 2:2 (1:0)

1:0 30' (Selbstgoal Corallo)

2:0 50', 2:1 61' Lombardini, 2:2 67' Lombardini

 

Wieder : sonnëg, +- 10°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 150

 

 

 

No enger gudder Leeschtung spillt Tricolore zu Bieles gläich.

Tricolore huet an der 1.Halschent d'Spill bestëmmt. Um 16er huet Tricolore dunn awer keng Ideeë méi gehat. Bieles ass ënner Kontroll gehal ginn, awer no engem Korner huet d'Lokalequip den 1:0 krut, wéi d'Tricolore Ofwier de Ball selwer an d'Netz gesat huet.

No 50' ass dunn Tricolore nach eng Kéier kal erwëscht ginn, wéi no engem Pressschlag, e Stiermer vu Bieles de Ball locker konnt erasetzen. Tricolore huet dunn awer Moral gewissen, an de Pietro Lombardini huet no engem Offensivfestival verdéngt 2 Goaler geschoss. No enger onglécklecher G.R. fir de Michele Corallo, war d'Spill an der Schlussphase total op, béid Equipen wollte wannen, op béide Säite si Chance net genotzt ginn, a sou ass et beim gerechte Gläichspill bliwwen.

Obwohl Tricolore elo leschten ass, kann d'Equip op der Leeschtung opbauen.