Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Münsbach - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:1)

0:1 8' Lombardini, 1:1 20'

2:1 90' (+3')

 

Wieder : liichte Reen, +- 15°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 80

 

 

 

Eng onglécklech Nidderlag huet Tricolore zu Mënsbech kasséiert.

Tricolore huet d'Spill direkt an d'Hand geholl, an an der 8' ass de Mike Ribeiro op riets duerchgaangen, hien huet an d'Mëtt gepasst, an de Pietro Lombardini huet den 0:1 geschoss. Kuerz drop hat de Pietro Lombardini eng Riesechance fir ze erhéigen, hien ass alleng op de Goal gezunn, mee säi zentréierte Schoss huet de gudde Mënsbecher Keeper paréiert. Vu Mënsbech ass net vill komm, mee awer an der 20' huet d'Lokalequip ausgeglach, e Spiller huet vu riets geflankt, huet de Ball net richteg getraff, a sou huet sech de Ball zum Ongléck vun Tricolore am rietse Goalwénkel niddergelooss. Dueno war Tricolore erëm méi aktiv an hat puer gutt Offensivaktiounen, virun der Paus ass Mënsbech besser an d'Spill komm ouni awer grouss Goalgefoer auszestrahlen.

No der Paus huet Tricolore weider dominéiert an hat Riesechancen, mee d'Chancen si fahrlässeg versiebt ginn. Puer mol hunn Tricolore Spiller alleng virum Goal de Ball net ënnerbruecht. An der Schlussphase hat Mënsbech och gutt Goalchancen, mee d'Lokalequip huet de Ball och net konnten ënnerbréngen. Dunn an der 93' de Schock fir Tricolore, d'Tricolore Ofwier huet de Ball vertendelt, Ping Pong méisseg ass de Ball am Tricolore Strofraum hinn a hier gaangen, bis e Mënsbecher Spiller den 2:1 geschoss huet.

Obwohl dat elo paradox kléngt, mee trotz der Nidderlag huet Tricolore e gudde Mätch gemaach.