Freideg, den 10.11.2006 Championnatsmätch Senior 2 :

US Mondorf-les-Bains - FC Tricolore Gasperich 3:0 (1:0)

1:0 25, 2:0 58, 3:0 66'

Tricolore huet während der ganzer 1.Halschent vill Feeler bei der Ballkontroll gemaach an hat Schwieregkeete beim Spillopbau. Mondorf war optesch iwwerleen, war méi oft virum Tricolore Goal, konkret Goalchanchen waren awer rar op béide Säiten. Bezeeschnetterweis huet Mondorf den 1:0 erzielt duerch en direkt verwandelte Fräistouss vun hallef lénks, et soll eigentlech eng Flank sinn, mee de Ball ass langscht Freund a Feind an de laangen Eck geseegelt. No der Paus huet Tricolore zunächst Drock gemaach a Mondorf hannendra gedrängt. Obwohl Chancen do waren sinn se net genotzt ginn. Mondorf huet op der anerer Säit duerch 2 katastrophal Ofwierschnitzer profitéiert, wéi si 2 Goaler um Plateau servéiert kruten. Tricolore huet an der Folgezäit weider no fir gespillt, a Mondorf huet gekonntert, dobäi sinn op béide Säiten nach Chancen erausgespillt ginn. Schlussendlech sollt et zum insgesamt gerechten 3:0 bleiwen.

Tricolore Equip