Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 06.04.2014 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Union Sportive Moutfort-Medingen 3:0 (0:0)

 

1:0 47' Carlo Antonicelli, 2:0 55' Pietro Lombardini, 3:0 67' Pietro Lombardini

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 50

 

 

 

 

An der 1.Halschent war et Kampf a Krampf, béid Equipen haten technesch Problemer. Tricolore hat direkt am Ufank 2 gutt Goalchancen, eemol huet d'Equip d'Lat getraf. Moutfort huet just 1 Kéier de Luis Feliciano per Wäitschoss getest. An der 2.Halschent huet dunn Tricolore awer ogedréit, an der 47' ass de Pietro Lombardini op lénks an d'Déift geschéckt ginn, huet den eraus stiermenden Keeper iwwerspillt, an d'Mëtt gepasst, an de Carlo Antonicelli konnt no engem Rebound den 1:0 erzielen. An der 55' huet den Tun Curioso e laange Fräistouss no vir ausgeféiert, den Carlo Antonicelli huet verlängert, an de Pietro Lombardini huet den 2:0 geschoss. Moutfort huet méi opgemaach an Tricolore huet op Konter duerch de Pietro Lombardini per Lob den 3:0 geschoss. Tricolore huet dueno weider dominéiert an hat Moutfort a Schach gehalen. 3 wichteg Punkten fir Tricolore, eng gutt Moral vun der Equip.