Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,23.09.2007 15.30h : Ehnen - Tricolore 4:2 (2:0)
Wieder : waarm, +-25°
Terrain : knubbëleg
Zuschauer : 70
1:0 8', 2:0 44'
3:0 69, 3:1 80' Chioato, 4:1 81', 4:2 90' Etonde
 
Zu Éinen ass et fir Tricolore näischt ze huele ginn. Mëttlerweil näischt neies.
 
Schon an der 8' huet Éinen den 1:0 geschoss : e Fräistouss vun hallëf lénks ass op den 2.Poto gespillt ginn, an do war
e Spiller vun Éinen ganz fräi fir zum 1:0 an d'Maschen ze setzen : Tricolore am Tiefschlaf. No 20' ass dunn Tricolore sou
lues erwescht an ass offensiv méi geféierlëch ginn, déi beschte Chance hat de Michele Corallo, wéi hien no enger Flank
vu riets fräi zum Kappball komm ass, mee en Éinener Spiller huet de Ball vun der Goallinn gekratzt. Éinen huet gudd
dowidder gehalen a kuerz virun der Paus op 2:0 erhéischt, d'Tricolore Ofwier krut de Ball aus dem eegenen Strofraum net
eraus an e Spiller huet sech bedankt fir de Ball eranzesetzen.
 
No der Paus huet Tricolore d'Spill dominéiert an den Emanuele Chioato hat den 2:1 um Fouss, mee séng Schëss sinn
2 mol paréiert ginn.Hannen war oft Chaos ugesot an esou koum Éinen no Konterattacken zu Aschossméiglechkeeten. 
An der 69' Konsequenz : den 3:0. Tricolore huet weider no fir gespillt an no engem Fräistouss konnt den Emanuele Chioato
vun 25m an de Wénkel setzen. D'Freed war awer nëmmen vu kuerzer Dauer, well 1' méi spéit de Pascal Langers en Éinener
Spiller ugeschoss huet an deen zum 4:1 eragesat huet. An der 90' huet de Charles Etonde no enger Flank vum Antonio Curioso
nach zum 4:2 verkierzt.
 
Insgesammt war Tricolore spillbëstemment, ouni awer ze iwwerzeegen an Éinen huet kämpfëresch gutt dogéintgehal an d'Liewen
fir Tricolore Männer schwéier gemaach an déi zum Deel haarsträubend Feeler an der Ofwier gnadelos bestrooft.