Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 13.04.2014 16.00h : FC The Belval Belvaux - FC Tricolore Gasperich 2:2 (0:1)

0:1 19' Carlo Antonicelli

1:1 50' Belvaux, 2:1 59' Belvaux (Penalty), 2:2 82' Pasquale Antonicelli

 

 

 

Wieder : bedeckt, +- 12°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 80

 

 

 

 

 

 

Tricolore huet e gerechte Remis zu Bieles krut. Tricolore ass gutt an d'Spill komm, an ass an der 19' no engem Kappball aus 5m duerch den Carlo Antonicelli a Féierung gaang. Dueno hat Tricolore awer Bieles ze vill d'Spill iwwerloos. De Spillfloss ass och dauernd ënnerbrach ginn, well vill Fräistéiss gepaff gi sinn. Allgemeng hat Tricolore awer Bieles am Grëff. No der Paus ass Bieles mat neier Energie komm, an no engem weidere Fräistouss huet Bieles no engem Gewulls am Tricolore Strofraum ausgeglach. Bieles war weider um Drécker, an no engem Foul am Tricolore Strofraum krut d'Lokalequip e Penalty zougesprach, dee secher verwandelt ginn ass. An der Schlussphase ass Tricolore awer nees méi energesch opgetrat a konnt sech nach geféierlech an Szene setzen. Den 2:2 ass dunn nees duerch e Fräistouss passéiert, De Pasquale Antonicelli huet e Fräistouss op den 2.Poto gezunn, de Bieleser Keeper huet de Ball ënnerschetzt, an de Ball huet sech an de Bieleser Goal gesengt. Nom Ausgläich hu béid Equipen nach Chancen gehat, et ass awer beim Gläichstand bliwwen.