Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 13.10.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Daring-Club Echternach 1:1 (0:1)

 

0:1 42' (Echternach), 1:1 88' Thomas Breyer

 

 

Wieder : bedeckt, frësch, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 30

 

 

 

Tricolore huet de Mätch dominéiert, huet sech gutt Aschossméiglechkeeten erausgespillt, huet awer och technësch Mengel gewissen. An der 7' hat de Rafael Andrade Pech, wéi de Ball vun sengem Schoss aus 20m vun der Ënnerkant vun der Lat zréck an Feld gesprongen ass. Tricolore war weider feldiwwerleeën, konnt awer keen Kapital doraus schloen. Iechternach hat eng gutt Chance an der 1.Halschent virun der Féierung. Iechternach ass an der 42' a Féierung gaangen, wéi e Spiller vu riets de Ball erabruecht huet, de Ball huet sech zum Entsetzen vun der Lokalequip an de laangen vum Goal gesat. An der 2.Halschent war Tricolore weider beméit, Tricolore hat kloer Goalchancen, déi awer zum Deel kläglech versiebt gi sinn. Iechternach huet op Konter gespillt, an hat och déi eng oder aner geféierlech Situatioun opzeweisen. An der 88' ass Tricolore fir d'Moral belount ginn, no engem Korner vum Pasquale Antonicelli, huet den Thomas Breyer de Ball iwwer d'Linn gedréckt. Dueno wollte béid Equipen nach wannen et sollt awer beim 1:1 bleiwwen.