Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Club Sportif Sanem 4:1 (2:1)

0:1 4', 1:1 25' Ribeiro, 2:1 36' Lombardini

3:1 75' Silva, 4:1 77' Lombardini

 

Wieder : waarm, +- 30°

Terrain : OK

Zuschauer : 150

 

 

 

 

Verdéngt huet Tricolore géint Suessem gewonnen an dank der Hëllef vu Weiler ass Tricolore an d'1.Divisioun gestiegen.

De Mätch ass awer schlecht ugaang fir Tricolore, well schon an der 4' huet de geféierleche Stiermer Suzzi den 0:1 markéiert no engem Schnitzer vum Tricolore Keeper, dee geruff huet "et ass gutt", et war awer net gutt. Tricolore hat weider Problemer de Stiermer Suzzi an de Grëff ze kréien, an an der 15' huet hien fräi ofgezunn, den David Spinelli huet de Ball awer nach op den Aussepoto gelenkt. Dueno huet Tricolore awer Drock gemaach an ass besser an d'Spill komm. De Mike Ribeiro ass an der 25' schéi fräigespillt ginn an huet zum 1:1 eragesat. D'Lokalequip krut Uewerwaasser an huet hannen och näischt méi ubrenne gelooss. De Pietro Lombardini huet an der 36' den 2:1 eragekeppt.

No der Paus huet Tricolore weider Drock gemaach an hat gutt Goalchancen. Suessem huet och opgemaach fir nach den Ausgläich ze erzielen. An der 75' ass dunn awer de Joscelino Silva am Strofraum fräigespillt ginn, an hien hat kee Problem de Ball iwert d'Goallinn ze drécken. 2' drop ass de Pietro Lombardini am Suessemer Strofraum fräigespillt ginn, an hien huet aus kuerzer Distanz de Ball eragekeppt. Tricolore huet weider no fir gespillt an hett nach kënnen de Score eropschrauwen, et sollt awer beim 4:1 bleiwen. Nom Schlusspaff vum Arbiter ass dunn d'Waarden ugaangen um Terrain ob et nach zu Weiler 3:2 géif stoen. An de Preesident ass no puer Minutten op den Terrain komm fir der Equip déi efreelech Nuvell ze ginn, dass Weiler 3:2 géint Réimech gewonnen huet an domader Tricolore opsteigt. D'Freed war natiirlech riesegrouss am Tricolore Lager.

Gutt Leeschtung vun der Equip, déi dank de Yellow Boys vu Weiler zu engem Happy End gefouert huet. Respekt u Weiler fir de Fair-Play, dass si nach gespillt hunn fir ze wannen.