Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 02.12.2012 16.00h : Sporting-Club Bettembourg - FC Tricolore Gasperich 1:1 (0:0)

 

0:1 65' Leonel Rodrigues, 1:1 82' 

 

Wieder : staark bedeckt, kal, +- 0°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Tricolore huet am lechte Vironnemätch en 1:1 zu Beetebuerg erkämpft.

Beetebuerg huet direkt Drock gemaach an de Mätch an d'Hand geholl. Geféierlech Situatiounen si virum Tricolore Goal entstan, eng Kéier huet de Simon Leick am Tricolore Goal e Ball aus dem Wénkel gefëscht. Tricolore ass am Laf vun der 1.Halschent besser an d'Spill komm a konnt och offensiv méi matspillen.

An der 2.Halschent ass et méi en offene Schlagoftausch ginn, béid Equipen haten deelweis Riesechancen. Beetebuerg huet d'Spill weider bestëmmt an Tricolore huet op Konter gelauert. Beetebuerg war deelweis zevill verspillt a wollt de Ball an de Goal droen. An der 65' ass Tricolore a Féierung gaangen, no engem Fräistouss vum Tun Curioso op den 2.Poto konnt den agewieselten Leonel Rodrigues mam Kapp op 1:0 setzen. Tricolore hat weider ganz gutt Konterchancen, konnt déi awer net notzen. Beetebuerg huet an der 82' den 1:1 geschoss, no engem Gewuls am Strofraum huet e Beetebuerger Spiller de Ball iwwer d'Linn gedréckt. An der 88' huet de Leonel Rodrigues den Ervin Ceman op d'Rees geschéckt, den Ervin Ceman ass fräi op de Beetebuerger Goal gezunn, mee de Keeper konnt paréiren.

Beetebuerg war déi dominant Equip mat gudde Goalchancen, mee Tricolore hat an der 2.Halschent och gudd Chancen fir de Mätch ze wannen. D'Equip huet kämpferësch alles ginn.