Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Una Strassen  - FC Tricolore Gasperich 3:1 (1:0)

1:0 12'

2:0 86', 2:1 90' (+1') Cardoso, 3:1 90' (+2')

 

Wieder : staark bedeckt, Reen, kal, +-12°

Terrain : super

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Zu Stroossen huet Tricolore opgrond vun enger verschlofener 1.Halschent kee Punkt krut.

D'Lokalequip huet direkt hire héige Rythmus gewissen an Tricolore ass oft iwwerlaf ginn. An der 12' huet et dunn och geschellt, ob lénks ass e Stroossener Spiller duerchgaang, huet an de Réck vun der Tricolore Ofwier gepasst, an e Stroossener Spiller huet um 2.Poto zum verdéngten 1:0 eragesat. Duerno war Tricolore weider ënner Drock, Tricolore huet an der Phase duerch Gléck a Geschéck kee weidere Goal kasséiert, de Steve Krier am Tricolore Goal huet gutt reeagéiert. No enger Halferstonn huet Tricolore sech lues a lues aus der Ëmmklammerung vu Stroosse befreit a selwer Nadelstëch no fir gesat, ouni awer grouss geféierlech ze ginn.

An der 2.Halschent dunn en anert Bild, Tricolore huet d'Initiativ agraf an no vir gespillt, konnt sech och 2 gutt Goalchancen erausspillen fir auszegläichen, eng Kéier huet den Orlando Da Rocha no enger gudder Kombinatioun de Ball net ënnerkrut, an eng aner Kéier huet den Elio Cardoso verzunn. Natiirlech war Stroossen weiderhinn spillerech preesent an huet och eng oder déi aner geféierlech Aktioun no vir gewissen. Den 2:0 ass dunn an der 86' gefall, wéi op lénks e Spiller de Ball krut huet, an d'Mëtt geflankt huet, an e Spiller vun der Lokalequip an den eidele Goal gesat huet. An der Aktioun ass de Steve Krier am Tricolore Goal verletzt ginn, huet awer missen déi lescht Minutten op d'Zen béissen. An der Nospillzäit huet Tricolore dunn nach verkierzt no engem Lob iwwer den Emmanuele Chioato am Stroossener Goal. Kuerz drop huet d'Lokalequip awer ërem op 3:1 erhéischt, no enger Flank huet e Stroossener Spiller eragekeppt, an de verletzte Steve Krier am Tricolore Goal konnt net méi reeagéiren.

Stroossen huet verdéngt gewonn. Tricolore kann awer opgrond vun der 2.Halschent opbauen.